Activités de l’association

 

Rapport d’activités APELAM 2016-2017

  • Eis lescht Generalversammlung war den 12. Oktober 2016. Den Elterekomitee hat 215 Memberen an 9 Memberen am Conseil, déi bis zum Schluss dobäi waren. All Conseilsmemberen wëllen och an dësem Schouljoer am Komitee weider matschaffen.No dem offiziellen Deel vun der Generalversammlung, hate mir eng Konferenz zum Thema « Mobbing » an iwwert d’Contre-Mesuren, déi de Lycée Aline Mayrisch en place gesat huet.
    Des Konferenz gouf virbereet an animéiert vum Bettina Thierer an vun der Equipe Médiatioun, déi am Lycée mat deser Problematik befaasst ass. D’Konferenz huet ugefaangen mat engem Film, et gouf eng Presentatioun vun Schüleren, Proffen an Vertrieder vum SPOS an si huet ofgeschloss mat engem Debat iwwert den Thema.
    Des Konferenz war e flotten Erfolleg an dofir ass di Konferenz vun haut den Owend och mat enger Equipe vum Lycée virbereet ginn.
  • Während dem leschten Schouljoer ass den Elterenkomitee 10 mol zesummen komm. Eis Aufgaben waren folgendermoossen verdeelt :
  • Presidentin: Adèle Schaaf;
  • Vize-Presidentin : Anneke van Hittersum
  • Sekretär : Pascale Damschen, als Remplacante Andrea Kreisel
  • Tresorier: Charles Raynaud
  • Vertrieder am Conseil de l’Education : Bettina Thierer, Anneke van Hittersum
  • Vertrieder bei der FAPEL : Jörg Thierer
  • Responsabel vir Zesummenaarbecht mat den Parents délégues war Raymonde Bauer an den Charles Raynaud
  • Uspriechpartner vir den FONDS DE SOUTIEN vir projets innovants war den Jörg Thierer ;
  • An schlussendlech responsabel vir den Internet Site war och de Charles Raynaud

Aktivitéiten :

  • Beim Accueil vun den 7ieme-Schüler am September huet eis Presidentin de Rôle vum Elterekomitee presentéirt, fir nei Elteren fir d’Représentation des parents ze interesséieren. No der Veranstaltung hunn mir dann nach eng Taass Kaffi offréiert, fir mat den Elteren an d’Gespréich ze kommen.
  • Mir waren och präsent bei den Informatiounsversammlungen vir d’Elteren vun den 7ième-Schüler ; bei dëser Geleeënheet hunn mir Flyeren verdeelt an op Wichtegkeet vum «  Rôle vun den Parents délégués «  (Elterevertrieder) higewisen.
  • Den 17. November war den Educatiounsminister zu Besuch am Lycée. Eis Presidentin war invitéiert an huet profitéiert fir di heite Sujeten unzespriechen:
    1. Dass et wichteg ass, d’Elteren iwwert d’“Education à l’ère numérique“ informéieren ze halen.
  1. Dass een soll profitéieren vun de Méiglechkeeten, déi de Multilinguisme zu Lëtzebuerg bitt (Collaboratioun mat internationale Schoulen, z.B.)
    3. Eis Experienz mam fonds de soutien de projets innovants
  • Den 7. Dezember war den CEDIES (centre de documentation et d’information sur l’enseignement superieur) inviteiert vir den Studenten an hiren Elteren Informatiounen iwwert den Unisstudium ze ginn ;
  • Eis jäerlech Informatiounsversammlung mat den Parents délégués an der Direktioun war den 11. Februar. Den Haer Ternes huet Informatiounen ginn iwwert «  La nouvelle réforme de l’enseignement secondaire dans le cadre du LAML» ; dëst war och eng gutt Geleeënheet fir Elterevertrieder fir hier Uleies mat der Direktioun an mam Eterenkomitee ze diskutéieren ;
  • D’Madame vun Hittersum huet matgeschafft an engem Groupe de travail fir e Guide d’intervention au cas de délit de drogue auszeschaffen.
  • Den Elterekomitee huet sech am Fréijoer mat de Méiglechkeete befaasst, fir de Schoulhaff an d’Alentouren vum Lycée méi attraktiv ze gestalten, vu dass Schüler, déi sech an de Pausen kenne beweegen an erhuelen an de Schoulstonnen méi konzentréiert sinn. Dozou hunn mir e Bréif ausgeschafft an un d’Direktiounen vun de Lycéeën an dem SNJ geschéckt.
  • Mir haten 3 Reuniounen mat den aneren Elterekomiteen vum Campus fi reis ënnerteneen auszetauschen. De Bréif zur Campusverbesserung ass vun de Komiteen vum Athenée an Michel Rodange matënnerschriwwene ginn.
  • Mir sinn frou, dass mir am Cader vun eisem « FONDS DE SOUTIEN POUR PROJETS INNOVANTS dest Joer e Projet vum Andy Cooper an Lukas Pierce ënnerstëtze konnten. Et gung drëm, e Wiederballon steigen ze loossen fir Miessungen an der Strotosphère ze maachen.
  • Mir sinn och dest Joer am Juli mat der Direktioun zesummekomm, fir de Point ze maachen iwwer eis Projeten.
  • Mir hunn 2 Newsletter un d’Eltere verschéckt an mir hunn de Flyer iwwert de Rôle vum Elterevertrieder iwwerschafft.

De Komitee war vertrueden :

  • Zwou Konferenzen vum Lycée : Discipline positive an Mobile learning
  • bei de Versammlungen vun der FAPEL durch den Jörg Thierer
  • och bei MUSIC IN MOTION (Sponsoring)
  • bei de Reuniounen vum Conseil d’éducation

  • Organisation de conférences :
    • Etudes supérieures : quand et où s’inscrire ? présenté par le CEDIES7 décembre 2016 à 19h00 à la salle Jacky Antoine du Lycée Aline Mayrisch.
    • Conférence sur le mobbing – 11 octobre 2016
  • Soutenir le rôle des parents délégués : définition et organisation de réunion entre parents délégués. Une réunion à eu lieu le samedi 11 février 2017;